Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gëllen Hochzäit Raymond Meyers – Irène Schuller, Berdorf

Den Raymond Meyers, den 20. November 1936 an d’Irène Schuller den 1. September 1947 allebéid zu Bäertref gebuer, hunn sech den 12. Mee 1966 an der Bäertrëffer Gemeng bestuet. Si hunn an den Joeren duerno, bis zur verdéintener Pensioun de Bauerebetrib vum Haus an « Hiiwels» iwwerholl an weidergefouert.
Zesummen hunn se zwéin Kanner krut a sinn stolz ob hir véier Enkelkanner.
Den Schäfferot vun der Bäertrëffer Gemeng huet et sech net huelen gelooss dem Raymond an dem Irène fir hir gëllen Hochzäit d’Gléckwënsch vun de Bäertrëffer Bierger ze iwwerbréngen.