Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gëllen Hochzäit Paul Koch an Antoinette Valentiny

De Paul Koch an d’Antoinette Valentiny goufen den 18.Mee 1967 zu Déifferdeng bestuet. Zwee Kanner sënn aus dësem Bestietnes ervirgaangen. Als gebueren Minettsdäpp huet et sie no enger bestëmmter Zäit an déi Kleng Lëtzebuerger Schwäiz verschloen, vir d’éischt 1984 ob Konsdref an dunn am Februar 2010 op Bäertref. Sie hun sech direkt an d’Duerfliewen integréiert an sinn wa méiglech bei allen ëffentlechen Manifestatiounen derbäi. Hir grouss Passioun ass awer fir hir Duechter Claudine bäi hiren sportlechen Aktivitéiten ze ënnerstëtzen, respektiv all Joer bäi der Organisatioun vun Sportsmeetingen, wéi z.B. den Special Olympics fir Leit mat Handicap, eng Hand mat unzepaken. De Schäfferot huet et sech net huelen geloossen den nach ganz vitalen Jubilaren zu hirem 50. Hochzäitsdag d’Gléckwënsch vun der Bäertrëffer Gemeng ze iwwerbréngen.