Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gëllen Hochzäit Günther Schuster an Marie Mathgen vu Bäertref

Den 6. Mä 1966 hu sech den Günther Schuster an d’Marie Mathgen zu Bäertref ob der Gemeng d’Jo-Wuert ginn. Mat e wéineg Verspéidung, well den Günther sech am Ufank vum Joer engem eeschten gesondheetlechen Problem huet misse stellen, konnten déi Responsabel vun der Gemeng virum Kuerzem dem Günther an dem Marie vir hiren 50. Hochzäitsdag gratuléieren.
Kennegeléiert hunn sech déi zwéin am Kleinwalsertal, wou den Günther hierstaamt, an d’Marie eng Zäit an engem Hotelsbetrieb geschafft huet. Si hu spéider decidéiert den Hotelsbetrieb vun dem Marie sengen Elteren zu Bäertref, den Hotel Perecop, zesummen ze iwwerhuelen, an hei de Rescht vun hirem Léiwen ze verbréngen. Hir zwéin Kanner, hir Schnauer an och d’Enkelkanner begéint een ëmmer nees an deem mat vill Léift an Häerz gefouerten Familljebetrib, wou sie eng Hand mat upaken. An hiren Häerzer bleift awer trotzdem och ëmmer eng enk Verbonnenheet zu den Bierger an dem Günther senger fréierer Heemecht, wat een aus den Anekdoten déi hien verzielt ëmmer nees eraushéiert.
Mir wënschen dem Günther an dem Marie nach vill flott gemeinsam Joren a beschter Gesondheet.