Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gëllen Hochzäit Aloyse Portz an Simone Royer

De 13. Juli 2018 hunn den Aloyse Portz an d'Simone Royer den Dag vun hirem 50. Hochzäitsdag gefeiert, dat mat hiren zwee Kanner an zwéin Enkelkanner. Ab dem Dag vun hirer Hochzäit huet d’Koppel am Heemechtshaus vum Ali „An Aasselter“ an der Grondhafferstroos zu Bäertref gewunnt. Bekannt war den Ali niewe sengem Beruff als Bréifdréier, am Duerf an am Land als talentéierte Fussballspiller, eng Carrière déi hien Enn de sechzeger- Ufank de siwwenzeger Jore souguer mat der Union Lëtzebuerg bis an d’Europacup geféiert huet. Al déi Joren huet d'Simone zu him gehalen an hien ënnerstëtzt, an si hunn zesumme schéin an manner schéin Zäiten erlieft. Natierlech war et dem Bäertreffer Schäfferot erëm eng besonnesch Freed der sympathescher Koppel zu hirem Éierendag am Numm vun der Gemeng ze gratuléieren, wou dann och déi eng oder aner flott Anekdot aus dem Léiwe vun der sympathescher Koppel verzielt ginn ass.