Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fréijarsconcert Harmonie Berdorf

Fréijarsconcert Harmonie Berdorf
De 26.Abrëll no enger relativ kuerzer an intensiver Virbereedungszäit huet d´Harmonie Berdorf ,ënnert der Leedung vun hirem neien Dirigent Patrick Yves Hengen, hiren traditionelle Fréijarsconcert, den dëst Jar ënnert dem Motto“Verry British“stoung, presentéiert. D´Musikanten mat hirem Dirigent hunn dem zahlreiche Publikum e flotte musikalesche Programm ugebueden. De Solist Tim Hoffmann um Tuba wosst d´Leit duerch säi Kënnen wie och duerch säi musikalescht Feingefill ze begeeschteren. No zwou Zugaben ass dëse flotten Owend bei engem gudde Patt ausklénge gelooss ginn.