Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Diamanten Hochzäit Michel Genson – Marie Portz

De 6. Juni 2018 konnten de Michel Genson an d’Marie Portz vu Bäertref e besonneschen Dag feieren, wéi et haut zu daags net méi dacks virkënnt, nämlech hire 60. Hochzäitsdag och nach Diamanten Hochzäit genannt. Trotz datt an hirem Alter sécher alles e bëssche méi lues geet, bewältegen sie hiren Alldag nach ëmmer mat vill Courage a Asaz, an dat an hirem eegenen Heem. Ënnerstëtzung kréien se reegelméisseg vun hiren dräi Kanner a fënnef Enkelkanner an och vun hire gudden Noperen, déi sech reegelméisseg virun hirer Dier treffe fir e bësschen ze uuchten. Et war dem Bäertrëffer Schäfferot eng besonnesch Freed der sympathescher Koppel zu hirem Éierendag am Numm vun der Gemeng ze gratuléieren.