Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Diamanten Hochzäit Leon Conrad an Victorine Mangen vun der Bollendreffer-Bréck

60 Joer, dat ass eng laang Zäit. A wann een sou laang bestuet ass, dann ass dat sécher e Grond ze féieren. D‘Victorine genannt Vicky Mangen an den Leon Conrad hun esou den 1. Dezember 2016 hir Diamanten Hochzäit konnten feieren. D’ganz Famill war komm fir ze gratuléieren. Dräi Jongen, zwéin Enkelkanner an wéi den den Zoufall et sou wëll, eng Woch virdrun en Urenkelkand sinn den ganzen Stolz vum Leon a vum Vicky.
Ausser enger Ënnerbriechung vun 1978 bis 1991 hunn déi zwéin déi 60 Joer zesummen op der Bollendrëffer-Bréck verbruecht. De Leon war laang Joren ganz aktiv am politeschen Léiwen vun senger Gemeng täteg, dat als Schäffen vun 1964 bis 1978 a vun 1997 bis 2005 souwéi als Conseiller vun 1994 bis 1996. D’Gemengeresponsabel hu sech et net huelen gelooss dem Leon an dem Vicky fir hiren schonns aussergewéinlechen Feierdag ze gratuléieren.