Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Willy Migy huet seng 90 Joer gefeiert

Am Krees vu senge Kanner huet de Willy Migy viru Kuerzem seng 90 Joer gefeiert. Gebuer gouf hien am Eisleck zu Branebuerg wou hien och an d'Primärschoul gung. Dono huet hien d'Schneiderhandwierk geléiert. Beim Schneidermeeschter Leonard Weiler zu Branebuerg huet hien och de Choralgesank vun de Massen geléiert. Vun do un stung all Daag Sangen um Programm wat hien säi Liewen laang begleet huet. Hien huet a verschidden Gesangveräiner gesongen, ugefaangen zu Branebuerg enert der Leedung vum Roger Daman an zu Huncheréng ennert dem Josy Kirpach. Zu Steebrécken ass hien 1953 mam Anny Molitor bestuet gin déi leider schon 1999 gestuerwen ass. Aus desem Bestiednes sin d'Yvette, d'Romaine an de Carlo ervir gaangen. De Willy huet 4 Enkelkanner an 3 Urenkelen. Zu Steebrécken huet de Willy 1954 op Uroden vum "Koschter Ern" de Posten vum Dirigent vum Steebréckener Chouer iwwerholl. Domat ass seng Dirigentenzäit ugaang dei hien sei Liewen laang net mei lass gelooss huet. Nodeems hie pensionéiert gin ass, ass hien erem op Branebuerg geplënnert wou hien dunn de Posten vum Dirigent iwwerholl huet. Gläichzeiteg huet hien zu Mëchela dirigéiert. Dunn huet hien d'Chorale St Hubert zu Mierschent iwwerholl. Hien huet och de Jeeërchouer vun Housen dirigéiert wou säi Frënd Neckel Jacobs dobäi war. Als grouss Iwwerraschung fir de Willy sin "seng Sänger" Nomëttes ugetrueden fir him e puer flott Lidder ze sangen. Hien huet geréiert villmols Merci gesot an e "Patt zum Beschten gin". Seit geraumer Zäit huet hien sech zeréck gezun an ass op Berdorf an d'Residenz am Park geplënnert. Awer ee grousse Wonsch huet de Willy awer nach: hie gif sein 90. awer nach gären feieren als Dirigent mat enger Mass vum Camille Rodenbour an senge Chéier vun Branebuerg-Laaschent-Baastenduerf a Mierschent. Ofschleissend wënsche mer him alles Guddes, eng gudd Gesondheet an nach e puer Joer derbäi.