Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D'Gemeng Bäertref éiert verschidden Mataarbechter

Virum Kuerzem hat den Bäertrëffer Schäfferot all déi Leit wou fir d’Gemeng am Joer 2015 am Asaatz waren op dat traditionell Ofschlossiessen fir d'Joer 2015 agelueden. Bäi dëser Geleeënheet goufen verschidden Mataarbechter extra geéiert.
De Marco Siebenaler, Handwierker vun August 1984 bis Dezember 1990 an duerno techneschen Expeditionär bis Dezember 2015 huet seng verdéngten Pensioun ugetrueden genausou wéi den Pierrot Poos dee Gemengenaarbechter vun Abrëll 1978 bis August 2015 op der Gemeng war. Zousätzlech gouf d‘Nicole Cobett-Struck op dësem Owend fir seng 25 Joer Déngschtjoeren als Employée an der Gemeng mat enger Auer geéiert. D‘Nicole huet 1990 op der Gemeng ugefaangen an ass zanterhier motivéiert am Populatiounsbüro täteg.