Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Berdorf made in USA – Back to the roots – 10.06.2017

Visite vun der Famill Steichen, amerikanesch Nokommen ((15 Erwuessener an 5 Kanner) vun Lëtzebuerger déi vu Bäertref ëm 1880 an Amerika emigréiert sinn an deenen hiren Virfaren den Michel Schiltz 1867 zu Bäertref gebuer gouf. Den Samschden den 10. Juni 2017 goufen dës Leit vum Buergermeeschter, Memberen vum Gemengerot an der Kulturkommissioun an interesséierten Bäertrëffer Bierger beim Centre Culturel «A Schmadds» empfaangen. No engem Trëppeltour duerch Duerf mat Erklärungen zu der Geschicht vun der Uertschaft Bäertref duerch den Claude Oé, der Visite vun der Parkierch an zum Schluss dem Aquatower, gouf e klengen Patt mat regionalen Produkter um Point de Vue offréiert. Organiséiert ginn ass dës Visite an Zesummenaarbecht mat der „Luxembourg American Culturel Society“ aus Belgium am Wisconsin (USA) an der Firma FUN TOURS, mat un der Spëtzt dem fréieren Direkter vum LACS Kevin Wester an sengem Mataarbechter dem Jack Backstrom.