Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bäertref - Night Vigil 2019 16.12.2019

Fir un den Ufank vun der Ardennenoffensiv den 16.12.1944 moiens ëm 5:30 Auer ze gedenken, hat d’Kulturkommissioun vun der Gemeng Bäertref ob dem 75. Joeresdag vun dësem Evenement eng Nuetswaach (Night Vigil) organiséiert.

Depart vum Fakelzug war em 4:30 Auer beim Kulturzentrum am Duerf. Et gung du Richtung Haff Biirkelt, wou een vun deenen 4 amerikanesche Ausseposten 5 Deeg laang der Offensiv vun den däitschen Truppen Stand gehalen huet. Eng Liichterketten vum Haus Kimmes bis bäi de Besch gouf opgestallt fir dann ab 5:30, begleet vum Lauden vun den Klacken, während 2 mol 3 Minutten an absoluter Rou a Stell deenen ze gedenken, déi deemools ouni hir Schold hiert Liewen op d ‘Spill gesat hunn, fir dat mir haut kenne a Fräiheet liewen.

De Georges Majerus vun der Kulturkommissioun huet duerno um Haff Meyers kuerz d ‘Evenementer vun deemools nach eng Kéier Revue passéiere gelooss, an se drop higewisen dat och an eiser Zäit keng absolut Sécherheet besteet dat sou eppes net nach eng Kéier geschitt.