Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bäertref: Konferenz mam Denise Leesch - Ausgruewungen um Berdorf-Kalekapp (2)

Tëschent 1978 an 1980 haten hunn déi deemools fofzéngjäreg Bäertrëffer Bouwe Jeannot Kartheiser a Jean-Luc Schwenninger ënnert zwéi Fielsvirspréng bäim Kalekapp op eege Fauscht archeologesch Ausgruewunge gemaach. Zwar illegal, mä trotzdeem als ganz interessant erkannt, goufen dës duerno vum professionelle Leit weidergefouert, dat ënner der Tutelle vun der Société Préhistorique luxembourgeoise. D ‘Resultater vun dësen Aarbechte leien elo an engem Buch vir dat mat Ënnerstëtzung vum Centre National de Recherche Archéologique vun der Lëtzebuerger Archeologin Denise Leesch verëffentlecht gouf. De Mëttwoch Owend 9. Oktober huet d ‘Madame Leesch dëst Buch virun enger 50 interesséierte Leit am Bäertrëffer Kulturzentrum virgestallt. E ganz flotten an interessanten Owend iwwert en Deel vun der Geschicht vun eiser Gemeng.