Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bäertref: Gelongenen Comedy Owend mam Christian Balthasar

De Christian Balthasar ass deen éischten lëtzebuergescher Stand Alone Comedian, an ass säit 2010 an Aktioun. Déi Bäertrëffer Kulturkommissioun hat hien fir den Samschden 16. Abrëll an den Kulturzentrum "A Schmadds" mat sengem neien Program "Vu Päifen an vu Brachkäpp" invitéiert, an si huet dësen Engagement net bereit. Mat Geschichten, aus dem alldeeglechen Léiwen gegraff, konnt den Christian Balthasar d'Leit am Sall begeeschteren, an d'Laachmuskelen goufen uerg strapazéiert.