Wählen Sie Ihre Nachrichten​

90. Gebuertsdag vum Alfred Wagner vun Bäertref

Den 2. Dezember 2017 huet den Alfred Wagner vun Bäertref, genannt den Häne Fred säin 90. Gebuertsdag gefeiert. Gebuer zu Bäertref, an nodeem en seng ganz Jugend hei verbruecht hat, gouf den Fred am Januar 1959 mam Albertine Loutsch vun Holtz bei Rammerech bestuet. 2 Kanner, 4 Enkelkanner an 2 Urenkelkanner sinn aus dësem Bestietnes ervirgaangen Den Fred war vun 1982 bis 2009 Member vum Office social vun der Bäertrëffer Gemeng, hien war laang als Musikant um Saxophone Baryton an der Harmonie Bäertref aktiv, an ass haut hei Éieremember. Donéiwt war héin laang aktiv an den Bäertrëffer Pompjeeën täteg. Den Schäfferot huet et sech net huelen gelooss dem Häne Fred, engem Bäertrëffer Urgesteen, fir seng 90 Joer ze gratuléieren.