Wählen Sie Ihre Nachrichten​

16.05.2019 - Wëllkommspatt fir déi nei Bierger vun der Bäertrëffer Gemeng

D’Integratiounskommissioun vun der Gemeng Bäertref hat viru Kuerzem all déi nei Bierger déi am Laf vu Mee 2018 bis Mee 2019 an d’Gemeng geplënnert waren, op e Wëllkommspatt agelueden.

De Jean Schoos, Conseiller a President vun der Integratiounskommissioun huet während senger Presentatioun den Invitéen e puer nëtzlech Informatiounen iwwer d’Gemengeservicer ginn. Duerno kruten déi lokaler Veräiner d’Méiglechkeet hir Aktivitéite virzestellen.

Beim Patt haten déi néi Bierger d 'Méiglechkeet déi gewielte Gemengevertrieder, d'Gemengepersonal souwéi d’Vertrieder vun de Kommissiounen a Veräiner kennen ze léieren.