Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Kommuniounskanner aus der Berbuerger Grondschoul “RENERT” hunn hiren DON iwwerreecht!

D’ Kanner hunn ee Méindeg de 06. Juni 2011 hiren Don un d’ Presidentin vun der Associatioun „LE RÊVE DU PETIT PRINCE“ (www.rdpp.lu) iwwerreecht a krute vill Erklärungen iwwer d’ Associatioun.

Hei d’Zesummesetzung vum DON:
Am Kuerf bäi Geleeënheet vun hiren Danksagungsmassen: 565 €;
iwwerwisen Don’ s: 95€;
Verkaf vun selwer dekoréierten Ouschterkäerzen (vun de Kommuniounskanner aus der Gemeng Bech, déi awer zu Berbuerg an d’ Grondschoul ginn) an Affer vun der Becher Kommuniounsmass: 775 €

Total: 1 435 €