Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung vum Dësch Tennis Berbuerg

Den D. T. Berbuerg huet seng Generalversammlung dëst Jar am Café Beim Beichtstull ofgehalen. Dës stung ganz am Zeechen vun der aussergewéinlech gudder Saison an vum Wiessel um Presidentenposten.

Den President Guy Thill kont d’Spillerinnen an d’Spiller vum Veräin an eng Rei Éiregäscht begréissen, ë.a. den Buergermeeschter Jempi Hoffmann an den Éirebuergermeeschter Henri Frank.

A senger Usproch as den Guy Thill op déi aussergewéinlech gudd Saison fir den D. T. Berbuerg agaang, mat ënnert aanerem enger 6. Platz vun Berbuerg 1 an der Nationaldivisioun/BDO TT League an dem Erreechen vun der Halleffinal an der Coupe de Luxembourg. Weider huet Berbuerg 2 den Challenge de la Fédération, d’Coupe vun den Reserveequipen gewonnen. Berbuerg 2 an Berbuerg 3 hun et allebéid gepackt fir ze steigen.

Nom Aktivitéitsbericht an nom Finanzbericht, dien mat engem Defizit ofschléisst, stungen souwuel Wahlen fir an den Comité wéi och Wahlen fir den President um Programm.

De Guy Thill huet no 40 Jar un der Spëtzt vum D. T. Berbuerg, keen weidert Mandat ugestriewt, genau wéi och de Comitésmember Marc Schoellen. Sie gouffen ersaat durch d’Tessy Hellers, d’Alexandra Thoss an den Géry Meyers.

Eestëmmeg as den Fränz Schmit, langjährigen Sekretär, zum neie President gewielt gin. Ausserdiem sin am Comité Jos Crelo, Michelle Merens-Thill, Luc Michely, Edwin Pothoven, Jeff Schmit, Laurent Schons, Liette Schons-Schmitz an Ronny Zeimes.

An hiren jeweiligen Usprochen sin souwuel den Jempi Hoffmann, den Henri Frank an den Fränz Schmit op déi vill Verdéingschter vum Guy Thill fir den D. T. B. agaangen.

Op Virschlag vun sengem Nofolger huet d’Versammlung den Guy Thill zum Éirepresident gewielt.

Nom offiziellen Deel huet de Veräin op d’Ofschlossiessen vun der Saison invitéiert.