Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung vum Cercle Vocal Belval-Metzerlach

Wéi all Joer kuerz no Neijoerschdag, huet de Cercle Vocal Belval- Metzerlach och dëst Joer erëm seng uerdentlech Generalversammlung ofgehalen. No der Begréissungsusprooch, an där d'Presidentin d'Madame Danielle Gratias alle Bedeelegten merci gesot huet fir hir Aktivitéiten am Laf vum vergaangene Joer, huet de Sekretär säi gutt gefëllten Aktivitéitsbericht an duerno d'Caissière en ausgeglachene Keesebericht ofgeliwwert. Béid Berichter goufen vun der Assemblée gutt geheescht.
Während dëser Versammlung gouf de Comité ëm e weidere Member an zwar den Här Alain Meyers erweidert an d'Madame Adèle Donven vun der Ugda huet d'Madame Lony Belche-Gillen fir 50 Joer Aktivitéit mat der Grand Duc Adolphe-Medail, Sëlwer mat Palmetten ausgezeechent.
Den Dirigent Jean Wagner huet seng Projet'en fir 2017 virgestallt, Projet'en déi wéinst deem akute Sängermangel ganz staark op der Zesummenaarbecht mat aanere Chéier baséieren. Scho méi laang schafft de Cercle Vocal méi enk mat der Chorale " Sainte Cécile" vu Stroossen zesummen, dat op Grond vun hirem gemeinsamen Dirigent.
Nodeems verschidde Vertrieder vu Gemeng, Entente des Sociétés, Oeuvres paroissiales a Pastoraléquipe d'Wuert ergraff haten an déi gutt Zesummenaarbecht mam Cercle Vocal ervirgehuewen hunn, ass d'Versammlung mat engem Patt an engem Stéck Dräikinnekskuch op en Ënn gaangen.