Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Summermaart ze Beefort

De „Syndicat d’initiative et du tourisme“, de Judo Club, den Ice Hockey Club, den Turn- a Sportveräin, d'Elterevereenegung an d'Theaterfrënn vu Beefort invitéieren e Sonndeg op de Beeforter Summermaart beim Kiosk.

Vun 10 bis 18 Auer sinn d’Maartstänn op. Fir d'Musik suergt den Action DJ Pol. Thé dansant ass tëschent 15 a 17 Auer.