Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat vun de Joergäng 1954 bis 1957

D’Joergäng 1954 bis 1957 vu Beefort hu sech Rendezvous gi fir hire véierte Konveniat. Den Treffpunkt war op der Gemeng, wou den Éierewäin offréiert gouf. Virun 12 Joer hu sech dës Joergäng fir d’lescht zesumme gesinn an de Buergermeeschter Camille Hoffmann huet hinnen erkläert, wat zanter dem leschten Treffpunkt an der Gemeng sech alles verännert huet. Um Programm stoungen nach d’Besichtegung vum Schlass an een Owesiessen zu Wallenduerf. 

Organiséiert gouf de Konveniat vum Marlyse Felten, Antoinette Weber, Marianne Erpelding, Ed Dostert an de Misch Mossong.