Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ganz am Zeeche vum Oktoberfest

Knapps siwe Stonnen nom Fassanstich op de Wiesn zu München war Beefort mat sengem Oktoberfest un der Rei. Am Géigesaz zum Münchener Buergermeeschter Dieter Reiter, deen zweemol zougeschloe huet fir de Fassanstich, huet den Alex Pereira, Kommandant vun de Beeforter Pompjeeën, ee bësse méi laang gebraucht bis de Béier gefloss ass.

Dës Editioun vum Beeforter Oktoberfest gouf op der Äispiste vu PaprikArt zesumme mam Judoclub, der Elterevereenegung an dem Syndicat d’initiative et du tourisme organiséiert. Fir d’Ënnerhalung hunn de Gamsbart Trio an den DJ Al gesuergt.

Net nëmmen op der Äispiste gouf d’Oktoberfest gefeiert. Niewendrun am Puck huet een Haxenowend stattfonnt a wéi d’Äispiste war och hei alles a wäiss a hellblo dekoréiert. E puer Fotoandréck vum Ufank vun den zwee Fester an enger gemeinsamer Fotosgalerie zesummegefaasst.