Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sportleréierung am Kader vum Nationalfeierdag


Biekerich: Et ass schon säit Joeren eng Traditioun an der Gemeng Biekerich fir um Virowend vum Nationalfeierdag am Kader vun engem Volleksfest déijenig Sportler fir hiren besonnesch sportlich Leeschtungen ze honoréireren. No dem feierlichen Te Deum, ass de Buergermeeschter Thierry Lagoda engersäits op Wichtigkeet vun den Gemengewahlen am nächsten Joer agaang an huet aanerersäits och ganz besonnesch un di traurig Ereignisser an der Ukraine erënnert, wou vill Läit vun schrecklichem Leed betraff sin. No senge Wieder vu Merci un all Matbierger déi drop gehaalen hun, bei deser Feier derbéi ze sin, koum et dunn zur eigentlichen Sportleréierung. Verbonnen mat dene bäschte Gléckwënsch si folgend Laureaten fir hir besonnesch Leeschtungen geéiert gin. Reiden: Wagner Ehlinger Nicolas; Taekwondo : Mangen Lenni a Meis Lucie; Athletik: Rausch Victoria; Segelfliegersport: Guy Bechthold an Roland Bechthold. Duathlon an Triathlon: Nothum Gwen an Nothum June; Schwammsport: Smith Joséphine. Bei den erfollegräichsten Mannschaften koum den Teakwondo zu Eieren. (CR ) (Foto: Charles Reiser)