Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Treffen vun der Famill Sprunck- Kurth vu Kanech



Bech: Laut Recherchen ass d‘Famill Sprunck-Kurth virun 150 Joer gegrënnt ginn, wou dee 29 Joer ale Peter Sprunck, de Jong vum Schmatt aus dem Trënténgerdall, zu Kanech an d‘Haus „a Schmitz“ abestuet ginn ass.

Ufanks huet et ausgesinn, wéi wann hien a seng 4 Joer méi jonk Frau Anna Kurth keng Kanner kréie kéinten. No 9 Joren ass dann endlech hiren éischte Puppelchen op d‘Welt komm an duerno nach 4 weider Kanner. Mat 15 Enkelen, 27 Ur-Enkelen, 38 Ur-Ur-Enkelen an souguer 28 Ur-Ur-Ur-Enkelen kënnt d‘Famill, mat de jeeweilege Partner, op 166 Nokommen, wouvun der haut nach 130 liewen.

Dee leschte 25. Mäerz hu sech da 70 Membere vun dëser grousser Famill zu Bech, am Restaurant Steinmetz, getraff. Do konnte si dann net nëm men deen imposante Stammbam, mee och, op engem risegen Ecran, Fotoe vun hire Virfahre bestaunen.

Op dëser Feier, organiséiert vum Nic Etgen, haten déi méi jonk d‘Geleeënheet sech eng éischte Kéier kennenzeléieren, an di eeler Erënnerungen a Spiichte vu fréier erëm opliewen ze loossen.

Dass dëst flott Treffen net dat lescht wier, doriwwer waren se sech alleguer eens.(FOTOS: CHAREL REISER)