Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Opruff géint d‘Vergiessen - LPPD-Sektioun Iechternach an Ëmgéigend

LPPD-Sektioun Iechternach an Ëmgéigend hat Generalversammlung



D’Memberen an d‘Sympathisante vun der LPPD-Sektioun Iechternach an Emgéigend („Ligue vun de Lëtzebuerger Politesche Prisonnéier an Déportéierten am 2. Weltkrich“) hu sech virun kuerzem zu Bech fir hir Generalversammlung getraff. Nom Mëttegiessen huet den Pierre Huss, an Vertriedung vum President Marcel Ewers, deen wéinst Krankheet entschëllegt war, d’Leit begréisst an den Aktivitéits- an Keessebericht duer geluecht. Den Här Jean Pirsch, President vum Comité central vun der LPPD, huet ënner anerem Ablécker iwwer den neien Comité pour la mémoire de la Deuxième Guerre mondiale ginn.

Den Comité huet sech gefreet, dat d’Versammlung sou gutt besicht war an hofft, och d‘nächst Joer erëm sou vill Leit, an och vläicht en puer nei Memberen die néideg sënn fir dat den Veräin weider kann bestoen, kënnen ze begréissen.