Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Marscherwald - Op der HALIFAX Plaz - Fändelen zur Erënnerung . . . . . .

Hei, am Marscherwald, wou den 28. August 1943 ëm 01:04 en HALIFAX Bomber vun der RAF vun engem däitschen Nuetsjäger erofgeschoss ginn ass, hunn sech den 15. Dezember 2016 40 „Frënn vun der HALIFAX Plaz“ zur Erënnerung an zum Gedenke versammelt gehat.

Vill Jare spéider, d´Événementer vun deemools waren awer nach net bei den Awunner vergiess, ass 2012/2013, bal 70 Jar spéider, op Initiativ vum Fred Schaaf, am Marscherwald eng Gedenkplaz geschafe ginn, déi duerno scho vu ville Léit besicht ginn ass. Bei dëser Erënnerungsfeier, huet den Initiator e Réckbléck iewer den Ofschoss vum Bomber gemaach, den Asatz vun den Awunner aus der Regioun, de Patrioten an der Resistenz bei der Rettung vun ofgesprongenen Flieger-Zaldoten gelueft, an huet deene Leit, Verwaltungen an Organisatiounen Merci gesot vir hire Beitrag, déi si zu dëser Gedenkplaz abruecht hunn.

Bei dëser Feier ass du e neien "Memorial" aus Douglas Holz virgestallt ginn, an duerno sinn d´Fändelen vun der Bombercrew hei opgehange ginn. D´Fändelen sinn eng Erënnerung un déi, beim "Crash" gestuerwen an iwwerlieften Flieger-Zaldoten, a mam Monument zesummen soll esou op der Gedenkplaz e méi feierlechen an der Erënnerung déngenden Ubléck geschafe ginn.

Duerch Zesummenaarbecht vum Proprietaire vun der Bëschparzell, dem Staatsfierschter a senger Equipe, an dem Initiator war et méiglech der Halifax Plaz domatter e méi gedenkvollen Ubléck ze ginn.

Mat enger Gedenkminutt an dem Sangen vun der Heemecht, huet des würdevoll Feier hiren Ofschloss fonnt.

Villmools Merci un all Matbierger déi bei dëser Feier dobäi waren, Merci och vir all encourageant Kommentaren zur Halifax Plaz.(FSa)
Foto: Jeannot Hau