Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat vun de Joergäng 1952 – 1960 zu Hierber

Viru Kuerzem hunn sech d’Meedercher an d’Jonge vun de Joergäng 1952 bis 1960, déi zu Hierber an der Primärschoul d’Primärschoul gedréckt hunn, zu engem Konveniat getraff.

An enger Mass gouf un déi leider scho verstuerwe Schoulkollegen awer och un d’Léierin Marguerite Weber, de Schoulmeeschter Pol Thiltges an d’Paschtéier Gustave Huberty a Nicolas Godefroid geduecht.

Den Hierber Paschtouer Luc Schreiner huet an der Mass treffend Wieder fonnt, an huet datt deemolegt Léierpersonal als déi “gutt Hiirden” bezeechent, déi derfir gesuergt hunn, dass jiddereen op dee gudde Wee komm ass.

No der Mass, vun de Meedercher a Jonge selwer gesongen, a vum Norbert Weydert op der Uergel begleet, huet d’Gemengeverwaltung Rouspert-Mompech op ee klengen Éierewäin an den “Hierber Bistro” invitéiert. Hei war et de Schäffen a fréiere Buergermeeschter vun der Mompecher Gemeng, de Josy Schoellen, dee no enger kuerzer Begréissung déi nei Fusiounsgemeng Rouspert-Mompech virgestallt huet.

Uschléissend goung et dann zesummen op Bech, wou am Restaurant Steinmetz d’Mëttegiessen zerwéiert gouf. Zwëschen deenen eenzele Gäng huet de Pierre Puth, Éireprofesser aus dem LGL, mat senge kabarettisteschen Texter fir eng wonnerbar Stëmmung gesuergt.

Et gouf sech d’Wuert ginn, de Konveniat, dee vum Sylvie Reckinger, dem Eliane Schoellen a vum Jos Stutz organiséiert gouf, all zwee Joer ze widderhuelen.