Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’Schanzer Cabarotiker mam Programm– “Hu m!r s℮ n@ch a/l +”

Och dëst Joer hunn d’Schanzer Cabarotiker op 5 ausverkafen Virstellungen am Gemengesall zu Bech hiren aktuellen Programm gespillt, ënnert dem Motto “Hu mer se nach all+?” Nieft aktuellen nationalen an lokalen Themen – ënnert anerem Gemengewalen – goufen och allgemeng Verhalensweisen op eng witzeg Aart a Weis op d ‘Schëpp geholl. Mat engem Mix tëschent Sketcher, Lidder an Dànz – “performt” vun Cabarotiker tëschent 3 an 60 Joer - goufen d ‘Leit während 2h30 gudd ënnerhalen.-An der Paus gouf vir dei néideg Stärkung gesuergt.  Hei eng kleng Auswiel vun den Sketcher an Lidder: Bëlleg reesen - Sou schmaacht Lëtzebuerg - Springbreak an der Box - Kachen an brachen - Eechternocher Béier - Olé eise Siggi - Becher Märchen - Neits vu Cabassone ...Als Ofschloss hunn d’Kanner Cabarotiker hirt Lidd “Am Herze lodert d’Feier” virgedroen, mat dem sie Ufank des Joers beim UNICEF Concours iwwert d ‘Kannerrechter den 2ten Präis gewonnen haten. D'Schanzer Cabarotiker wärten och 2018 rem Enn März en neien Theater- an Enn Oktober en neien Cabaretsprogramm zesummen stellen.