Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Bechtival

11
Jul
2019
11 Jul 12 Jul 13 Jul

Den Organisatiounscomité „10 Jar Bech-Berbuerger Musek“ invitéiert ierch ganz hearzlechst op hiren open air Festival op der Becher Gare, de Bechtival.

Loosst ierch des onvergiesslech musikalesch Deeg net entgoen an schreiwt ierch den Datum vum 11-13. Juli 2019 an äre Kalenner.

Mat engem ofwiesslungsraiche musikalesche Programm, de keng Wensch opstoe léisst, freen mir eis ierch des 3 deeg bei eis begreissen ze dierfen.

Donneschdes, den 11. Juli:

Ab 19h30 Salsa and Funk mam Eric Durrer Duo Mestizo, JPFunky & Murphy’s Law

Freides den 12. Juli:

Ab 19h30 Best of Challengers, Fascination & DJ-Maji

Samschdes den 13. Juli:

Ab 17h Concerte vun der Garnecher, Biwer an Ouljier Musek

Ab 21h Schlagerparty mam Jenny Helene Fischer Doubel (alias Jennifer Sturm) & DJ Maji

Tickete kritt dir bei all de Membere vun der Bech- Berbuerger Musek.

Virverkaf( 11.+12. Juli): 10€

Oweskees 11. Juli: 10€

Oweskees 12. Juli: 15€