Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Internationale Museesdag agelaut

E Freideg den Owend ass an der Wäistuff "A Possen", de Programm fir den Internationalen Museesdag op der Musel lancéiert ginn.
Fir e Sonndeg de 15. Mee hunn di 4 Museeën op der Musel, de Maacher Kulturhuef, de Wäimusee zu Éinen, de Musee "A Possen" zu Bech-Maacher an den Europa-Musee zu Schengen sech eng besonnesch Iddi afale geloss.
An hiere jeweilegen Reimlechkeeten bzw. Uertschaften ginn d'Wierker vun deenen verschiddenen Owescoursen, déi vum Maacher Lycée organiséiert ginn, ausgestallt.
Beim Vernissage e Freideg, deen zesummen mat den Amis du Possenhaus organiséiert ginn ass, sinn d'Leit iwwert d'Konzept a de flotten Programm informéiert ginn.

Weider informatiounen fannt Dir ënner : www.kulturhuef.lu