Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Generalversammlung vun de Frënn vun de Bech-Maacher Pompjee

Um Freideg den 13. hunn d'Frënn vun de Pompjee Bech-Maacher op hier uerdentlech Generalversammlung agelueden.
Niewt dem Buergermeeschter France Hemmen an dem Conseiller Gilles Estgen, konnt de President Serge Gales den Éierebuergermeeschter Néckel Strotz begréissen.
Nom Aktivitéitsbericht vum Sekretär, konnt den Keessier op eng ganz gesond Finanzsituatioun hiweisen.
De Comité krut deemno och ouni Probleem d'Entlaaschtung vun der Versammlung, an de Serge Gales, Pit Gloden, Vic Roeser a Marco Steinmetz sin nees zeréck an de Comité gewielt ginn.
Bei den Aktivitéiten 2011/12 bleiwt en Ausflug op Berlin zeréck ze behalen, an den 9. an 10. Juli gëtt zu Bech-Maacher e Grillfest organiséiert. Och e Fuesbal fir 2012 gouf an d'Aa gefaasst.
An sénger Ofschlossried huet de Buergermeeschter France Hemmen ënner anerem op d'Porte-ouverte vum neie Centre polyvalent, an deem jo bekanntlech den Service d'incendie vun der Gemeng ënner kënnt, higewisen. Di feierlech Ouverture ass den 15. Juli, an den 16. Juli ass dann d'Porte ouverte.
Zum Schluss huet e gudde Maufel an e flotte Patt gemaat, ganz esou wéi et sech fir eng Amicale gehéiert.