Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Exposition "Impressioune vun der Musel" vum Gaby Braun

15
Apr
2018
17 Jun

Ausstellung duerch de Musée "A Possen"

"IMPRESSIOUNE VUN DER MUSEL" vum Gaby Braun

vum 15. Abrëll bis den 17. Juni 2018 - all Dag (ausser Méindes)


Gaby Braun ass 1956 gebuer zu Schëffleng.

Ugefaangen huet Si mam Impressionismus, iwwer Portrait-Molerei bis an d'Abstrakt.

Dir kritt an dëser Ausstellung eng Impressioun vun hirem Schaffenswee vun Ufank u bis Haut. Den Impressionismus ass méi fräi ginn allerdéngs nach gäre kombinéiert mat dem Abstrakten... Hir nei Biller weise gären Impressiounen aus dem Alldag doheem, e Ruhepol de mir haut nees méi wéi jee brauchen. Wéi sot den Auguste Renoir senger Zäit? "Je ne vois pas la moindre raison pour que l'art ne soit pas beau. Des choses vilaines, il y en a assez". Dorunner hält Gaby Braun fest.