Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Herrlichen Concert zu Baschelt

D'Kierch vun Baschelt, bekannt fir hier optimal Akustik, huet den Kader geliwert fir en eenzigartigen Concert vun der Chorale Bauschelt/Baschelt. Do wou si normalerweis d'Massen verschéineren, haten d'Sänger op en ofwiesslungsraïchen Programm mat weltlichen Lidder invitéiert. Ënner der Leedung vum Jang Wio hun si Lidder vun Coldplay, Xavier Naidoo, Francis Cabrel, J.-M. Treinen, Nena, Beatles, asw. virun enger gudd gefëllten Kierch virgedroen. Begleet gouf d'Chorale vum Daniel Roemen um Piano, an e.a. bei zwee afrikanischen Lidder, vum Joanne Wio op der Cajon.

Di vill Prouwen, di d'Sänger op sich geholl haten, goufen dann och belount durch en langen Applaus an enger Standing Ovation vum Publikum.

Um Enn vum Concert huet d'Präsidentin Meyers-Reding Fernande allen Bedeelichten Merci gesoot, an huet och kuerz d'Asbl "Op der Schock" virgestallt, fir déi den Erléiss vun dësem Concert bestëmmt ass. Och den Burgermeeschter René Daubenfeld war stolz an voller Luef fir d'Chorale. Hien huet si zu dem herrlichen Concert felicitéiert an gleichzeitig opgefuerdert, op dem selwichten Wée virun ze machen.