Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Spend vu 4 700€ un de Gaasperecher Déierenasyl

D'Lëtzebuerger Déiereschutzliga, Sektioun Bartreng, huet mat engem Deel vun den Recetten, déi op verschiddene Manifestiounen erakomm sin, z.B. Soirée de bienfaisance, Verkaf vu selwergebakene Muppekichelcher a Wäffelcher, dem Déierenasyl Gaasperech e Laafband fir Muppe gespend.

Domadder ginn Hënn trainéiert, déi duerch iergendeen Ëmstand, sief et duerch en Ongléck oder eng Operatioun, hier Muskele kräftege mussen.