Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Quetschekrautverkaf fir Télévie

Bartreng ass dat nächst Joer Centre de promesse vun Télévie. Aus deem Grond hat d'CSV vu Bartreng decidéiert, den Erléis vun hirem traditionelle Quetschekrautverkaf Télévie zoukommen ze loossen. RTL-Radio huet dës Aktivitéit am Virfeld gutt begleet a sécher derzou bäigedroen, datt ee groussen Andrang op de Stand vun der CSV war. Et huet keng dräi Stonne gedauert, do war d'Kraut vun 80 kg Quetschen (zwee Kessele voll!) verkaf. Munchereen, dee méi spéit u war, ass dunn e bësschen enttäuscht heem gaangen. Et konnt ee sech awer och mat enger gudder Quetschentaart oder mat Berliner andecken.