Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Porverband Bartreng-Stroossen - Feier mat den Neigedeefte vum Joer 2016

Viru kuerzem sinn Elteren, Grousselteren … mat hire Butzen, déi am Joer 2016 zu Bartreng oder zu Stroossen gedeeft goufen, an d’Kierch komm, fir sech un hir Daf ze erënneren an dem Herrgott Merci ze soe fir all dat Schéint, dat si däerfe mateneen erliewen.

D’Buedembild, dat si geluecht hunn, huet duergestallt, datt Kanner wéi Sonnestralen an ons Welt kommen. Duerch si gëtt onst Liewe méi faarweg, méi hell a méi schéin.

No der Feier an der Kierch hunn déi Grouss an déi Kleng sech am „Centre Jean-Paul II“ e Stéck Kuch gutt schmaache gelooss, ir se frou an zefridden heemgaange sinn an der Hoffnung, datt si an Zukunft méi dacks kënnen esou Momenter mateneen erliewen.

Foto: Jhemp Ackermann
Text: Jacqueline Schwachtgen