Wählen Sie Ihre Nachrichten​

LJBM-Schüler erfollegräich engagéiert bei Erasmus+

Am Lycée Josy Barthel Mamer (LJBM) engagéiert sech och an dësem Schouljoer eng dynamesch Ekipp vu Schüler an Enseignanten bei Erasmus+, dem EU-Programm zur Fërderung vu Jugend, Sport an allgemenger souwéi berufflecher Weiderbildung an Europa. Och wann de Projet Erasmus+ opgrond vun der aktueller Situatioun am Moment leider net sou stattfanne kann, wéi dat geplangt war, ass déi gutt Stëmmung an der Ekipp net ënnerzekréien. Sou och wéi d’Gadgeten an d'T-Shirten mam offizielle Logo vum aktuelle Projet „Face the Past – Change our Future“ verdeelt gi sinn. De Gewënnerlogo gouf aus enger ganzer Rei Virschléi, déi vu Participanten aus fënnef Länner eragereecht gi sinn, ausgewielt an ass d‘Aarbecht vum Sophie Lieffring, enger LJBM-Schülerin aus dem lëtzebuergeschen Team, wat dat Ganzt nach méi besonnesch mécht.