Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Hobbymaart vun der Bartrenger Musek. E Succès!

De 24. Hobbymaart vun der Bartrenger Musek war e grousse Succès. 43 Ausstellerinnen an Aussteller hu matgemaach a waren duerno duerchaus zefridden. Dat, wat si ausgestallt hunn, war ganz ofwiesslungsräich an d‘Visiteure vun no a vu wäit ware ganz intresséiert, muenchmol richteg begeeschtert. Dräi Präisser, déi een treie Sponsor gestëft hat an no engem neie Modus vergi goufen, sinn dann och Aussteller zegutt komm. D‘Visiteure konnten doriwwer eraus eppes iessen, drénken oder un enger flotter Tombola deelhuelen.
Eng Musek, déi een Hobbymaart organiséiert! Dat läit net direkt op der Hand, erwaart ee vun esou engem Veräin éischter Concerten, Galaconcerten, musikalesch Verschéinerung vun den Duerffester an den Duerffeieren. An dach gehéiert den Hobbymaart zënter Jaren zum Programm vun der Bartrenger Musek. Een Hobbyartist an ee Musikant hu jo muenches gemeinsam. Béid hu Freed un deem, wat si an hirer Fräizäit maachen, béid maachen anere Freed, béid suerge fir Gesellegkeet a stellen ee Stéck Kultur duer. Si mussen, fir Succès ze hunn, mat Loscht a Leidenschaft, mat Ausdauer a Gedold un hir Projeten erugoen. Vill Engagement gëtt verlaangt.
Zum Gléck kann d‘Bartrenger Musek op vill Memberen a Sympathisantinnen zielen, fir esou een Hobbymaart, an déi uspriechend Broschür am Virfeld, ze realiséieren.
Eng staark Delegatioun vum Schäffen- a Gemengerot, ugeféiert vum Här Buergermeeschter, war den Dag virdrun bäi der feierlecher Ouverture derbäi an huet gewisen, wéi wichteg dësen Hobbymaart fir d‘Gemeng Bartreng ass. D‘Gemeng huet et sech dann och net huele gelooss, fir een Éierewäin ze offréieren.
Foto: Gaby Diseviscourt
Text: Guy Weirich