Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Den RBS-Tour mécht Halt am Cercle Cité während dem Männergesondheetsdag

Gutt Frënn – eng Investitioun fir e glécklecht Al ginn!
29. Juni 2013 vu 13 bis 14 Auer

Open Diskussioun mam "Ex"- Minister an haut Richter um europäischen Gerichtshaff François Biltgen am Simon Gross, Direkter vum RBS Center fir Altersfroen

Fir d’Zukunft an der 2. Liewenshalschent gëtt et ëmmer méi wichteg, datt och d’Männer sozial Bezéiungen ausserhalb vun hirem Beruff an hirer Famill hunn. Regelméisseg Treffen, wou si diskutéiere kënnen, si wichteg. D’Glécksfuerschung seet, datt Männer, déi sech eemol d’Woch mat Frënn treffen, méi glécklech sinn. Sozial Bezéiunge si bal déi wichtegst Zutaten aus dem Rezept “Gléck”.

www.rbs-tour.lu