Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Déiereschutzliga seet Merci

D’Lëtzebuerger Déiereschutzliga seet der Sektioun Bartreng e grousse Merci fir hieren generéisen Don vun 4 700 EUR. Domat konnt e Lafband fir d’Gaasperecher Déierenasyl finanzéiert gin, wat de Muppen mat gesondheetlechen Problemer hëlleft erem op d’Been ze kommen. Bei dëser Geleeënheet profitéiert d'Lëtzebuerger Déiereschutzliga dovunner all hieren aneren Donateuren e grousse Merci ze soen.