Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Fotogalerie: Braderie zu Mondorf

Op der Braderie am Bad konnt een nees gudd Affären maachen.

Dem Wierder entspriechend waren villäicht e bëssen manner Léit do wéi soss, mee d'Stëmmung an de Strossen war allgemeng gudd, och bei de Partei'en déi esou kuerz virun de Wahlen schon mat hiren Spëtzenpolitiker Präsenz markéiert hun. Och den Domaine Thermal huet seng 25 Joer mat enger "sportlecher" Präsenz markéiert.

Iwwerraschend gudd war och déi exzellent Glace aus Schoofsmëllech vun der Schéiferei "an Dottesch" vu Weiler-la-Tour, souguer mat Lactose-Intolleranz kann een dëss ouni Problemer iessen. Interessant waren och d'Démonstratiounen vum Aikido Mondorf.