Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Besicht de Fligermusée zu Munneref - Neie Fotoparcours 1909 bis Haut

Pëngtlech fir den Ouschterweekend mécht den Fligermusée zu Munneref seng Dieren op.

Fir de Start an d'Saison haten déi Verantwortlech vun der Asbl "Association Luxembourgeoise pour le Maintien du Patrimoine Aeronautique" ALMPA en Donneschdeg an de Fligermusée invitéiert.

De President vun der ALMPA, Jean-Claude Jacoby konnt e.a. de Buergermeeschter Lex Delles a sämtlech Vertrieder déi zu Lëtzebuerg eppes mat der Fligerei ze dinn hunn, begréissen.

De President huet en Opruff lancéiert fir finanziell Hëllef souwuel bei der Gemeng Munneref wei och bei allen Partner aus der Fligerei fir de Musée weider auszebauen bzw och den 1. Stack nei anzeriichten. Sou gin e.a. gliesen Vitrinne gebraucht.

Uschléissend wor et de Comitésmember René Thill deen den Éieregäscht déi néi permanent Fotoausstellung "L'aviation Luxembourgeoise de 1909 à nos jours" - realiséiert vum René Thill selwer a Rol Schleich, erkläert huet.

D'Gemeng Munneref ënnerstëtzt de Musée e.a. doduerch dass se e Portier agestallt hunn, sou, dass de Fligermusée zu Munneref vun Ouschteren un ëmmer vun Mëttwochs bis Sonndes, ëmmer vun 14.00 bis 18.00 Auer un op ass.