Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sport & Kulturfeier Gemeng Fréiseng

E Freideg den Owend, 23. November 2012, hat d'Gemeng Fréiseng, op Initiativ vun der Sport & Kulturkommissioun, op d'Eierung vun deenen Sportler a Kulturschaffenden, déi sech duerch speziell Verdéngschter an den Joren 2011 an 2012 erviergedoen hun, an den Centre Polyvalent op Uespelt invitéiert. Am Numm vun dem Schëffen- a Gemengerot, an als Präsident vun der Kommissioun huet den Aloyse Schiltz d'Leeschtung vun deenen eenzelnen Lauréaten mat groussem Respekt fir hiren Asatz gewierdegt. „Botschafter op sportlechem an kulturellem Plang, déi den Numm vun der Gemeng Fréiseng weit iwwert hir Grenzen eraus droen, do muss een stolz driwer sinn an sech mat iech fir aer Leeschtung freeën“, sou den Präsident. An och als Usporn fir weider Leeschtungen an deenen nächsten Joren soll dës Feier gesi ginn, well déi flott Traditioun, Leit déi Besonnesches maachen, ze éieren, gët wuelverstanen weider gefouert!