Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Richtegstellung

Gëschter, Méindeg den 29. Dezember 2014, war am "Luxemburger Wort" eng ganz Säit (Süden S. 16) iwwer d'Uespelter Schlass ze gesinn.

Eigentlech jo eng gudd Reklamm an am grousse Ganzen och keen esou e schlechten Text, obwuel hätt kënne besser recherchéiert gi well Verschiddenes net méi dem aktuelle Wëssensstand entsprécht.

Wat awer enorm stéiert sinn di läscht puer Sätz.

Zitat:

"Momentan wird darüber diskutiert, die Gemeindeverwaltung im Schloss Aspelt unterzubringen. Ein Vorschlag, der bei den "Amis du Château d'Aspelt" wegen der hierzu notwendigen Umbauarbeiten auf einigen Widerstand stößt."

Heimat distanzéieren d'Frënn vum Uespelter Schlass sech vun dësen Zeilen. Weder gëtt driwwer diskutéiert dass d'Gemeng soll an d'Schlass selwer kommen, nach sinn iergenwellech Ëmbauaarbechten um Schlass geplangt.

Ausserdem sinn an dem Artikel guer keng Quellen uginn, wat engem Plagiat gläichkënnt.