Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Opschlossreichen Mobilitéitsdag zu Uespelt den 21.09.2014

Deen éischten vun der Freisenger Gemeng an Zesummenarbecht mat hirer Verkéierskommissioun organiséierten Mobilitéitsdag hat schons Mueres eng Rei vun interesséierten Bierger op Uespelt gelakelt.
Hei konnten si sech iwert déi modernsten spursam Technologien an der Automobilsbranche informéieren an déi ugebueden Varianten vergleichen. Op éngem Parcours iwert d'Nationalstroossen, konnt een sech selwer vun den Fureegenschaften vun denen neisten elektreschen- an hybrid Autoen vun verschiddenen Fabrikanten iwerzeegen. Déi am Zesummenhang mat der opgerichtener Luedstatioun vir elektresch Autoen vun der Firma Enovos goufen op der Plaz fachgerecht beäntwert.
D'Awunner haaten d'Méiglechkeet hir interessant Virschléi iwert d'Verbesserung vun den öffentlechen Verkéiersmöttelen an der Geméng esou ewéi Propositiounen vir eventuell verkéiersberouegend Aktiounen direkt den Geméngeverantwortlechen ze önnerbreeden.
Déi fir den Autosverkéier gespaarten Strooss tëschend Uespelt an Freiseng (CR 156) gouf haaptsechlech vun Famillen mat Kanner benotzt vir en Ausflug mam Velo oder zu Fouss ze machen. Och hun verschidden Jogger mat oder ouni Mupp vun der gespaartener Strooss profitéiert.
Leider hun d'Wiederkapriolen am Nomëtteg déi opschlossreich Initiativ abrupt bëenndegt.
Alles an allem kann een mat der éischter Versioun vum Mobilitéitsdag zefridden sin an së dat nächst Joer versichen auszebauen.