Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Oppene Bréif un d'politesch Gruppéierunge fir d'Kommunalwalen zu Fréiseng

Oppene Bréif un d’Kandidate vun de politesche Gruppéierunge fir d' Kommunalwalen zu Fréiseng den 8. Oktober 2017

Den 8. Oktober 2017 sinn d'Awunner aus der Gemeng Fréiseng opgeruff fir hir Vertrieder fir déi nächst 6 Joer ze wielen. Dat ass dee Moment fir e politesche Choix ze maachen am Interesse vun de Matbierger, well wichteg Entscheedunge wäerte getraff gi vun deem Gemengerot, dee gewielt gëtt.

Entscheedungen déi ons als Bierger betreffen.

An dësem Kontext wëllen d’Frënn vum Uespelter Schlass déi verschidde politesch Gruppen uspriechen, wat jeeweils hier Zukunftspläng si punkto Patrimoine vun der Gemeng, a mei speziell déi fir d’Uespelter Schlass. Hutt dir schonns Iwwerleeunge gemaach an eng mëttel-, respektiv laangfristeg Visioun iwwert d’Zukunft vum Schlass?

Wann een dat liest, wat dir bis elo un d’Awunner verdeelt hutt, gesäit et esou aus, dass dir all Bierger an den Zentrum vun ärem Interessi setzt an dass dir gewëllt sidd de Bierger anzebannen an d’Kompetenzen déi sech iech ubidden, ze benotzen. Wann dat wierklech är Absicht ass, an dëst net einfach Propaganda fir d’Walen ass, wier et sécher och an ärem Interessi, dëst och an d’Praxis ëmzesetzen!

Wann dat wierklech är Iwwerleeung ass, da setzt vun Ufank un op Transparenz. Mir, an dësem Fall de Bierger, a méi speziell d’Frënn vum Uespelter Schlass, si sécherlech net gezwongen ëmmer ärer Meenung ze sinn, mee mir setzen op eng konstruktiv Diskussioun mat de lokalen Autoritéiten, a mir si gäre bereet d’Roll vun engem privilegéierte Partner ze iwwerhuelen ouni dofir mussen a kommunal Entscheedungen anzegräifen.

Wat mir vun deenen erwaarden, déi am Oktober gewielt ginn, ass einfach iwwert d’Fortschrëtter vun den Aarbechten an de Projeten informéiert ze ginn, déi d’Schlass betreffen…. Anstatt all des Informatiounen an der Press mussen ze liese wiere mir frou, als interesséierte Partner ugesinn ze ginn deen sech fir d’Schlass am Duerf asetzt. Gitt ons d’Méiglechkeet "Brécken ze bauen tëschent den Duerfleit an den Autoritéiten”, an dësem Fall d'Gemeng Fréiseng als Propriétaire vum Gebai.

Mir hoffen, dass ons Demande net op daf Ouere stéisst a mir wiere frou als responsabelen an erwuessene Partner ugesinn ze ginn deem et um Häerz läit, sech fir de Schutz an d’Promotioun vun onsem Patrimoine anzesetzen.

Mat respektvolle Gréiss

Am Numm vun de Frënn vum Uespelter Schlass

Claudine Winkel