Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Flott Konferenz iwert den Jangeli

D'Kulturkommissioun vun der Geméng Fréiseng hat leschten Mëttwoch op éng ganz interessant an lieweg Konferenz mat Billerprojektioun iwert den Jangeli an den Kultursall op Uespelt invitéiert. Den Sall war bis op déi leschte Plaaz vun lokalen Geschichts- an Eisebunnsfrën geföllt. Den Konferenzler Jean-Paul Meyer huet mat den uwiesenden Leit éng nostalgesch Jangeli's Rees vun der Stadt op Réimech gemeet an dobei vill Eenzelheeten an Anekdoten iwert deen kléngen Zichelchen verzielt, deen vun 1882 bis 1955 ganz entscheedenden Afloss op d'Liewen an den Alldag vun den Leit hat déi lanscht d'Streck gewunt hun. Och huet den Jangeli ganz weesentlech zum Opschwong vum Handwierk an der Industrie am Osten vum Land beigedroen. Den Centre Thermal vun Mondorf wär sécherlech ouni den Jangeli net zu deem erugewuess wat en am Ufank vum 20. Jorhonnert fir d'Kuristen bedeit huet.
Des Konferenz gouf bei Geleenheet vun der Publikatioun vum Jean-Paul Meyer séngem neien Buch "Jangeli" ofgehalen, dat an all guder Librairie ze kréien ass. D'Buch huet 260 Seiten, méi ewéi 330 stëmmungsvoll Fotoen, 40 Pläng, e Koup aal Skizzen, ganz vill zeitgenösseg Illustratiounen, an den spannenden Text nët ze vergiessen.