Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheierbrand zu Ueschdrëf

Haut Mëttwoch- Moien - 23. Januar ass géint 9 Auer zu Uëschdrëf e Feier an enger Scheier déi als Wierkstatt fir Oldtimeren mat enger Schreinerei als Annexe a Brand geroden. Pompjéeën aus der Gemeng Rammerich ënnerstëtzt vun der Dréihleeder vu Réiden sin mat schwéierem Otemschutz am Asaatz. Als Verstärkung ass de Rettungsdëngst aus der Gemeng Grevels och nach geruff gin. Vill Damp bedingt duerch Photovoltaikanlag um Daach erschwéieren d'Läscharbechten.D'Wasser gett vum Uwerfluerhydrant geholl, dat vum 200 Fudder - Behälter vu Bilschdrëf erofgeleet gett.De Moment ass d'Stross vun Ueschdrëf op Heeschpelt komplett gespaart. Police vu Réiden iwerwaacht den Asaatz. (Fotoen: Charel Reiser)