Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ofschlossfeier 2019 vum Formel-1 Lotto Club

Ueschdrëf: Virun Kuerzem huet de Formel-1 Lotto Club zu Ueschdrëf am "Café am Gronn" d´Saison 2019 mat der Generalversammlung an uschléissendem Iessen ofgeschloss. An der Versammlung goufen de Willy Staudt an de Jos Weber fir hir formidabel Leeschtung, déi si am Laf vun der Saison vollbruecht hun mat engem klenge Kaddo geéiert. Wärend engem gudde Maufel an bei engem sëffege Patt ass nach vill gefachsimpelt a gelaacht gin. De Veräin ass virun 24 Joer vun enger Handvoll F-1 Fanatiker zu Ensber um Camping gegrënnt gin. Eenzege Grënnungsmember am Veräin ass nach de Jolly Feyerstein. Nächst Joer fir de 25. Gebuertsdag ze feieren wëll de Veräin sech eppes Spezielles ausdenken.

De Virstand setzt sech zesummen aus dem President Guy Schon, dem Vize-President Jean-Paul Staudt, dem Sekretär Jolly Feyerstein, dem Caissier John Thoma an dem Member Änder Caas


John Thoma