Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Hecken- a Bamplanzaktioun zu Angelsbierg.

De Samschden, 25 Mäerz 2017 huet d'Ëmweltkommissioun an Zesummenaarbecht mat der Elterevereenegung an dem techneschen Service aus der Gemeng Fëschbech op Angelsbierg zu enger Hecken- a Bamplanzaktioun ronderëm déi nei Maison Relais, am Kader vum Dag vum Bam, invitéiert. Alleguer Schoulkanner mat hiren Elteren woren häerzlech agelueden sech aktiv ze bedeelegen. Vill vun hinnen woren dem Opruff nokomm an hunn d'Hecken geplanzt. No geleeschter Aarbecht ass et op der Platz nach Kaffi a Kuch ginn.