Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Eisern Hochzäit op der Schanz

Dëser Deeg ass ob der Schanz Eisern Hochzäit gefeiert ginn. D'Margot Merens ass den 11/2/1931 ob der Schanz ob Welt komm. Den Ady Schiltz e puer Joer virdrun den 22/2/1926 um Schiltzbierg. Nom Krich huet den Ady mam Margot sengem Brudder beim Comes geschafft. Bei engem Betribswirtschaft am September 1948 ob Iechternach wore Si nach e Patt drénken. Margot huet am Restaurant zerwéiert an hat sech och direkt an den Ady verkuckt. De 17 Mee 1952 ass sech dunn och bestuet ginn an der Herz Jesu Kierch an der Stad. Aus hirem Bestietnes sinn 2 Jongen erausgaange mat 3 Enkelkanner a 4 Urenkelen. Gefeiert gouf an der Charly's Gare um Sennengerbierg zesumme mam Sylvie a Guy déi hir Rubinhochzäit gefeiert hunn.